Temps plein
CDI

Ee Mataarbechter fir den Trafic Info - F/M - CDI - Vollzäit

Eis Equipe vum Trafic Info verstäerken
Publié le 17/04/2024

Deng Responsabilitéiten :

  • Trafic News nosichen, kontrolléieren an a Form setzen
  • Infoe « live » op de Radiostatiounen (RTL, Lessentiel, Ara,Latina an 100,7) duerchginn
  • Uriff entgéint huelen an Infoen un d’Automobiliste weiderginn
  • Infoen un auslännesch Automobil-Clibb, un d’GPS-Marken an un ons Memberen schécken
  • Infoe mat Hëllef vun onsen interne Systemer un d’Medie weiderginn
  • Permanent Recherche vun alle wichtegen an intressanten Informatiounen iwwer sämtlech Facette vun der Mobilitéit
  • Artikelen a Chroniken verfaassen fir den Autotouring, Newsletter an www.acl.lu

 

Däi Profil :

  • Gutt Wëssen an der Geographie
  • Gutt Kenntnisser vum lëtzebuerger Stroossenetz
  • Éischt Erfarungen hannert dem Mikro si vu Virdeel
  • Liichtegkeet am Kontakt mat de Medien, de Mënschen, de Verwaltungen an den Trafic-Melder
  • Sproochen: lëtzebuergesch, franséisch, däitsch, englesch (all weider Sprooch ass vu Virdeel)
  • Beherrschen vun der gängeger Computersoftware, Fäegkeet mat den internen Tools ze schaffen
  • Gutt Sproochtechnik, Diskretioun, Flexibilitéit wat d‘Schaffzäiten ugeet, Bereetschaft (eventuell Weekend) an Equipegeescht
  • Meiglechkeet zweschen 20 an 40 Stonnen/Woch ze schaffen, firausgesaat beim horaire ass ee flexibel

Offres d’emploi liés