|
|
Mobilité: questions - réponsesTaxes, circulation, sécurité routière: l'ACL défend l'intérêt de ses membres auprès des autorités publiques. Vous souhaitez connaître notre position sur une question d'actualité ou partager avec nous vos réflexions sur la mobilité: écrivez-nous à acl@acl.lu
|
Taxation du Diesel
Question:
Den Dieselfuel gët jo zu Lëtzebuerg steierlech dem Bensin bessergestallt. Dat dëst mam Tanktourismus ze din huet ass jo een oppent Geheimnis. D'Emissiounen vum Diesel sin awer ganz bedenklech (Stebs troz FAP an NOx) wat zu Lëtzebuerg wéinst dem ganz héijen Dieselundeel um Fuhrpark, der héijer Motorisatioun eijentlech eise politesche Responsabelen misst ze denke gin. Viru kurzem huet den Jean-Pascal van Ypersele, Vize-Präsident vum GIEC (Groupe d'experts intergouvernemental sur l'évolution du climat) hei zu Lëtzebuerg nachmools den Diesel a Fro gestallt. An der Belsch wou den Dieselundeel ähnlech héich ass wéi hei huet är Schwesterorganisatioun a Flandern, d'Flemish Motorists’ Association schons 2008 d'belsch Regierung opgefuedert den Diesel par rapport zum Bensin net méi ze bevirdeelegen. Huet den ACL hei zu Lëtzebuerg keng ähnlech Absichten fir bei der Regierung ze intervenéieren?
M.C.
Réponse:
Wat d’Besteierung vun Diesel a Benzin ugeet, sou gesäit eng europäesch Direktive (Directive 2003/96/CE), seit dem 1/1/2010 ee Minimum vir vun 330 €/1000 Liter Diesel a vun 359 €/1000 Liter Essence sans plomb
. Lëtzebuerg huet bis den 1/1/2012 Zäit kritt fir dat ëmzesetzen, am Moment si mir bei 320 €/1000 Liter Diesel. Wat de Benzin ugeet leien mir am Moment bei 462,0946 € /1000 Liter. Dobei muss een nach den sougenannten Kyoto-Cent rechnen, dee fir den Benzin 2 Cent/Liter ass a fir den Diesel 2,5 Cent/Liter. Och am Beräich Autosteier, gëtt den Diesel méi héich besteiert wéi de Benzin, an den Partikelfilter gët encouragéiert.
Emwelt-Iwwerleeungen hunn also schon an de leschten Joren dozou gefouert, dass den Diesel méi sanctionnéiert gëtt wann et ëm Emweltsteiere geet. Mee dëss Iwwerleeungen hun sech vill op den CO2 limitéiert, an an deem Beräich ass en Diesel-Auto, durch säin mi niddregen Verbrauch méi efficient wéi ee Benziner. Mee awer nët wat d’Partikelen an den NOx, wéi dir dat ganz richtëg schreiwt. D’EU huet och schon erkannt dass een sech net nëmmen op den CO2 focusséieren kann an di nei Euro 5 [1]- an Euro 6 [2] – Normen, zwéngen d’Constructuren an deem Beräich vill Verbesserungen ze maachen.
Diesel an Benziner mussen am Beräich Emwelt nach immens vill verbesseren, mee do ass technësch och nach allerhand machbar. Se hunn allen 2 hier Virdeeler. Mee et ass awer och kloer dass d’Optioun fir d’Privat-Mobilitéit net méi därf an Zukunft just Diesel oder Benzin sin; Alternativen sief et wat d’Energie, sief et iwwerhaapt wat d‘Transportmëttel betrëfft, mussen kommen. Fir den ACL ass d’Zukunft an der Multi-Modalitéit, dat heescht di passend Mobilitéit fir all Trajet, accessibel fir all Usager.
Wat elo d’Besteierung vum Diesel an vum Benzin ugeet : den ACL ass net géint eng Hausse vun den Accisen. Am Allgemengen, si mir souguer der Meenung dass di eenzeg ëmweltfrëndlech Besteierung déi ass, déi den Verbrauch trëfft an nët eng theoretesch CO2-Emissioun, wéi dat mat der aktueller Autosteier de Fall ass. Elo hun sech d’Steieren iwwert di lescht Joren awer op den CO2 konzentréiert. Durch säin mi niddregen Verbrauch gouf den Diesel-Auto encouragéiert, wat erklärt dass en haut esou ee groussen Undeel vun eisem Fuerpark ausmëcht. Den Ennerscheed tëschen den Accisen op Diesel an Benzin ass vill ze grouss fir en op kuerzer Zäit verschwannen ze doen, ouni dass dat schwéier sozial Konsequenzen hätt, nët nëmmen wéint dem Präiss op der Pompel, mee och well dat eng Hausse vun all Produit, dee muss transportéiert gin, géif bedeiten. Eng Auto-Besteirung déi awer méi wäit geet wéi just den CO2 an déi dodurch zu enger Hausse vum Diesel-Präiss géif féieren, wier eiser Meenung no absolut ze verteidigen wann se z.B d’Autosteier géif ersetzen.
A termes, wann den Usager d’Moyenën kritt fir den Transport-Mëttel ze wielen deen fir säin Trajet am Beschten passt, wann en déi néideg Informatiounen huet, fir (zäitlech an ëmweltfrëndlech) efficient vun A op B ze kommen, gëtt den Diesel vill manner interessant, och well all di technësch Entwéckelungen fir dass den Diesel-Auto d‘Euro-Normen respektéiert, sech wahrscheinlech am Präiss vun den Autoën réperkutéieren wärten. Den ACL setzt sech dofir an, dass d’Regierung d’Suen déi den Tanktourismus abréngt dofir verwennt fir en Mobilitéits-Wandel ze erreechen, dee zu manner Diesel- an Benzinverbrauch féiert. Dat géif gläichzeitëg den Problem vun den schiedlech Emissiounen vun all den Petrol-Produitën verréngeren a vill zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit hei am Land beidroën.
[1] Euro 5 : applicable depuis le 1er
septembre 2009 en ce qui concerne la réception et sera applicable à partir du 1er
janvier 2011 en ce qui concerne l’immatriculation et la vente des nouveaux types de véhicules
[2] Euro 6: applicable à compter du 1er
septembre 2014 en ce qui concerne la réception et du 1er
septembre 2015 en ce qui concerne l’immatriculation et la vente des nouveaux types de véhicules